
E Samschdeg géint 13 Auer gouf d’Police vum Sécherheetspersonal vun engem Akafszenter um Kierchbierg geruff, well hei eng Persoun beim Versuch, zwee Laptoppen ze klauen, erwëscht gouf. De Parquet huet de Mann verhafte gelooss, hie koum e Sonndeg virun den Untersuchungsriichter.
Zu Rued/Syr gouf géint Mëtternuecht eng Persoun Affer vun engem Trickdéif an an e Gespréich verwéckelt. Kuerz no der Diskussioun ass dem Affer opgefall datt den Handy fort war.
Nodeem e Mann beim Klauen an engem Buttek zu Bouneweg erwëscht gouf, huet d’Police festgestallt, datt d’Persoun sech guer net dierft am Grand-Duché ophalen. De Parquet gouf informéiert, de Mann verhaft an hie koum virun den Untersuchungsriichter.
Da mellt d’Police nach Abréch zu Wecker, Zéisseng a Stroossen. An all de Fäll goufen Ermëttlungen ageleet.
Permise goufen dann agezunn, well d’Automobilisten ze vill gedronk haten. Dat eng Kéier um 3.45 Auer um Boulevard Royale an der Stad. Hei ass de Chauffer am Zickzack gefuer a gouf dowéinst kontrolléiert. Den Alkoholtest war positiv, de Permis gouf agezunn, Protokoll erstallt an de Won immobiliséiert. Kuerz virun 21 Auer war dann e Chauffer zu Péiteng opgefall, nodeem hien an en Auto gerannt war, deen op der Säit stoung. De Mann war awer net direkt stoe bliwwen, gouf awer kuerz dono vun enger Policepatrull erwëscht. Och hei war den Alkoholpeegel ze héich, an de Permis war fort. Weider där Fäll an der Stad an zu Zolwer.