
Bei der weiderer Kontroll konnten d’Beamten donieft nach e puer Gramm Haschisch an eng kleng Quantitéit Kokain sécherstellen. Géint de Mann gouf Plainte gemaach.
Zu Léiweng war e Mëttwoch géint 18 Auer eng Automobilistin mat hirem Gefier accidentéiert, woubäi et beim Materialschued bliwwen ass. Bei der Kontroll gouf en ze héijen Alkoholpeegel bei der Fra festgestallt an de Permis gouf agezunn.