Äntwert op parlamentaresch FroTrotz Héichschouldiplom - Iwwer 3.400 Persounen am Chômage

RTL Lëtzebuerg
3.427 Persounen, déi en diplôme de l'enseignement supérieur hunn, sinn den Ament aarbechtslos. Dat sinn 22% vun alle Chômeuren am Grand-Duché.

Méi wéi d'Hallschecht vun de Leit am Chômage, déi en Diplom vum enseignement supérieur hunn, hunn e Master-Ofschloss an der Täsch, 31% e Bachelor-Diplom a 15% en diplôme de l'enseignement supérieur de cycle court. Ronn een Drëttel vun de betraffene Leit hunn Ekonomie studéiert.

Dëst geet aus der Äntwert vum Aarbechtsminister Dan Kersch op eng parlamentaresch Fro vum Mars Di Bartolomeo ervir.

PDF: Äntwert vum Dan Kersch op d'parlamentaresch Fro vum Mars Di Bartolomeo (7.10.19)

Back to Top
CIM LOGO