6,5% méi op e Joer gekucktTrotz méi Emploi klëmmt de Chômage weider

RTL Lëtzebuerg
Op ee Joer gekuckt ass de Chômage hei am Land ëm 6,5% an d'Luucht gaangen.

15.351 Persoune waren op den 30. November bei der Adem ageschriwwen. Dat sinn der 943 méi wéi virun engem Joer. De Chômagetaux läit bei 5,4%. De Chômage ass also an de leschten 12 Méint geklommen, obwuel den Emploi wiisst: 3,7% an engem Joer.

Am November goufe knapps 2.900 oppe Plaze bei der Adem gemellt. Am Ganze sinn iwwer 7.100 fräi Aarbechtsplazen offiziell registréiert.

Am meeschte Leit ginn am Beräich Informatik, an der Compta an am Sekretariat gesicht.

PDF: Chômage am November 2019 - Chiffres clés

Back to Top
CIM LOGO