Lëtzebuerger ImpfcampagneTrotz Novavax wéineg Primo-Vaccinatiounen

RTL Lëtzebuerg
Zanter en Dënschdeg ass mat Novavax zu Lëtzebuerg e weidere Covid-19-Vaccin am Asaz.
Trotz Novavax wéineg Primo-Vaccinatiounen
Zanter en Dënschdeg ass mat Novavax zu Lëtzebuerg e weidere Covid-19-Vaccin am Asaz.

Trotz Novavax wéineg Primo-Vaccinatiounen / Rep. Camposeo

Um Impftaux riskéiert sech trotz der zousätzlecher Offer net vill ze doen. Novavax ass e Protein-baséierten Impfstoff. E gëtt opgrond vun enger klassescher Technologie hiergestallt a kéint deemno och Leit uspriechen, déi den neien mRNA-Vaccinen oder de Vecteur-Impfstoffe géintiwwer skeptesch waren. Dorop hofft ee jiddefalls bei der Santé.

Den Haaptënnerscheed par rapport zu den mRNA-Vaccine wier, datt de Spike-Protein am Labo géif hiergestallt ginn, erkläert den Dr Thomas Dentzer, Virolog bei der Direktioun vun der Santé. Dës kréich een dann an der Novavax-Impfung gesprëtzt. De Kierper gëtt also esou stimuléiert, fir Antikierper ze produzéieren. “Den mRNA-Impfstoff dogéint gëtt eis de Bauplang an do maachen eis Zellen dann de Spike-Protein, fir datt eise Kierper drop reagéiere kann”.

Grad wéi déi aner Covid-19-Vaccine baséiert Novavax op der Wuhan-Variant. Seng Wierksamkeet wär änlech héich wéi déi vun den mRNA-Vaccinen, seet den Dr Dentzer.

Novavax ass zougelooss fir Persoune vun 18 Joer un, mat Ausnam vu schwangere Fraen, hei feelt et nach un Donnéeën. Aus logistesche Grënn kritt een en den Ament just an den 3 Impfzentren ugebueden.

Datt den Novavax e groussen Impakt op den Impftaux huet, gleeft de Luc Feller, Haut Commissaire à la Protection Nationale, net. Vun 150 Persounen, déi en Dënschdeg an den 3 Impfzentren eng 1. Dosis kruten, haten der awer ëmmerhin 42 den neie Vaccin gefrot. Op de Prozentsaz gekuckt, wier dat net schlecht. Mee allgemeng géifen d’Primo-Vaccinatioune stagnéieren.

Iwwerhaapt ass et roueg an den Impfzentren. Deen an der Luxexpo war e Mëttwoch de Mëtteg quasi eidel. An den Impfzentren zu Ettelbréck an um Belval wär et net vill anescht, seet de Luc Feller. Dofir géifen och Iwwerleeunge lafen, fir just nach ee vun den dräi Zenteren opzeloossen.

D’Impf-Offer soll awer egal wéi erhale bleiwen. Nieft den Hausdokteren gëtt jo zanter leschtem Samschdeg och a verschiddenen Apdikte geimpft. An och d’Pop-up-Impfstore solle weider opbleiwen.

Sief nach gesot, datt den Impfzenter vun der Luxexpo de Weekend nees zréck an d’Victor-Hugo-Hal op de Lampertsbierg plënnert.

Detailer iwwer d’Impf-Offer ginn et op www.impfen.lu.

Back to Top
CIM LOGO