
Lëtzebuerg steet a puncto Kompetitivitéit gutt do. Trotz enger gewësser Stabilitéit kann awer op e puer Plazen nogebessert ginn. Dat seet den aktuelle Bilan vum Observatoire de la Compétitivité, deen e Mëttwoch am Mëttelstandsministère presentéiert gouf. De Fokus louch um Entreprenariat.
Fir sech en Iwwerbléck ze verschafen, goufen national an international Rapporten ënnert d'Lupp geholl. Do wier zum Beispill de „Global entrepreneurship monitor" mat 49 Memberlänner. D'Zensur fält relativ gutt aus, ënner anerem ass ze liesen, datt esouwuel Entrepreneuren ewéi Experten der Meenung sinn, datt d'Ëmfeld am Grand-Duché favorabel ass, fir e Business ze starten.
An de groussen internationale Klassementer fanne mer Lëtzebuerg gréisstendeels zimmlech wäit vir, ausser bei engem Rapport vun der Weltbank. Well dat scho méi dacks de Fall war, wier een der Saach op de Fong gaangen an hätt eraus fonnt, datt d'Methodologie fir Lëtzebuerg plazeweis net adequat wier.
D'Weltbank fënnt zum Beispill, datt d'autorisations d'établissement ze laang géingen daueren, ma d'Rechnung wier net richteg, seet de Pierre Thielen vum Observatoire de la Compétitivité.
Pierre Thielen:"An den Datebanke vun de classes moyennes ass d'Durée méi kleng wéi d'Weltbank se schätzt. Et si keng 15 Deeg, mä 10 Deeg."
Ma och dat wier awer ze laang. D'Zil wier et, fir sech ze verbesseren, sou de Mëttelstandsminister Lex Delles.
Lex Delles:"D'Ekippe goufe verstäerkt. Et wëll een op 4 bis 5 Deeg erof kommen. Och am Ministère selwer soll d'Digitalisatioun weider no vir bruecht ginn."
D'Zil wier et do, fir vun enger Waardezäit op 4 bis 5 Deeg erofzekommen.E groussen Defi fir d'Zukunft wier iwwerdeems d'Digitaliséierung.
Am nationalen Tableau de bord vun der Kompetitivitéit ginn 68 Indicateuren opgezeechent. Et gëtt 3 Aspekter: D'Wirtschaft, déi sozial Komponent an d'Ëmwelt. Am internationale Verglach manner gutt si mer also bei dem Delai fir d'Autorisatiounen, bei der Produktivitéit, beim Redoublements-taux an de Schoulen a bei der Produktioun vun Dreck op de Kapp gerechent.
Bei der dette publique si mer am Verglach gutt, grad ewéi beim Scolarisatiounsniveau oder nach bei der ekologescher Innovatioun.
Am Generalklassement vum Observatoire de la compétitivité kënnt Lëtzebuerg op déi 8. Plaz vun 28 EU-Länner.