
Virun allem déi national Aktualitéit huet d’Wiel vum Lëtzebuerger Wuert vum Joer och 2025 erëm dominéiert. Fir déi sechste Kéier zënter 2020 gouf op Initiativ vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) vum Kulturministère an an Zesummenaarbecht mat Partner aus de Meedien d’Wuert vum Joer gesicht. Och dëst Joer hunn erëm de radio 100,7, RTL, d’Tageblatt an d’Luxemburger Wort matgemaach, mat dësem Resultat:
1. Trounwiessel
2. Sozialdialog
3. Alphabetiséierung
4. N*-Affär
5. Pensiounsreform
Wéi erklären se sech dann am Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch, datt grad, déi do 5 Wierder et un d’Spëtzt gepackt hunn?
Vu Mëtt November bis de 7. Dezember ëm Hallefnuecht konnt jidderee seng Propos fir d’Wuert vum Joer 2025 beim ZLS erareechen – entweeder op engem Ziedel op de Walfer Bicherdeeg oder iwwer en online Formulaire. Ronn 622 Propose mat engen 190 verschiddene Wierder sinn am Zenter ukomm. Dorënner waren e sëllegen Termen, déi just een- oder zweemol genannt goufen.
De Gros vun de Virschléi stoung an direkter Relatioun mat konkreeten, gréisstendeels nationalen Ereegnesser. Nieft der Pensiounsreform goufen och nach e puer Wierder proposéiert, déi mat deem Dossier konnten a Verbindung bruecht ginn, wéi zum Beispill Stoussrichtung an zeréckrudderen, déi an den Debatten iwwer d’Rentereform méi dacks ernimmt goufen. Och d’Bezeechnung Projet Alpha, den Numm vum Pilotprojet fir d’Alphabetiséierung op Franséisch, gouf e puermol erageschéckt.
Donieft goufen och e puer Begrëffer aus der Jugendsprooch (goonen, ume, six-seven) proposéiert. D’Wuert fréistécken gouf dobäi apaart dacks genannt. Aus der laanger Lëscht mat all de Proposen huet dʼEkipp vum ZLS eng Shortlist mat 20 Wierder gemaach an dem Jury déi virgeluecht. Den Haaptkrittär beim Choix war virun allem d’Zuel vun den Nennungen, berücksichtegt goufen ënnert anerem awer och de Bezuch zur Aktualitéit, de Bekanntheetsgrad an d’Verbreedung respektiv d’Verständlechkeet vum virgeschloene Begrëff.
Am Jury waren d'100,7-Redactrice Dany Weyler, den RTL-Senior-Journalist Andy Brücker, d’Tageblatt-Journalistin Leslie Schmit, de Wort-Kulturchef Marc Thill, de Commissaire fir d’Lëtzebuerger Sprooch Pierre Reding, d’Angie Gaasch als Vertriederin vum Conseil fir d’Lëtzebuerger Sprooch (CPLL) an den Alex Gillander vum ZLS.
An engem éischte Walgang gouf d’Lëscht vun 20 op 10 Begrëffer reduzéiert, an engem zweete Schrëtt du vun 10 op 5 mam Resultat, datt Trounwiessel als Wuert vum Joer 2025 ervirgaangen ass an domat d’Nofolleg untrëtt vu Presidententrick (Wuert vum Joer 2024), KI (2023), Ukrainkrich (2022), boosteren (2021) a Corona (2020).

* Aus juristesche Grënn hu mer den Numm vum fréiere Gewerkschaftler “N” ofgekierzt, souwuel hei am Text, wéi och am Original-Communiqué.