Ännerungen um AgrargesetzUbau vu Geméis soll zu Lëtzebuerg méi attraktiv ginn

Marc Hoscheid
Dat soll virop mat méi Sue vum Staat a méi groussen Zären erreecht ginn.
Ubau vu Geméis soll zu Lëtzebuerg méi attraktiv ginn
Dat soll virop mat méi Sue vum Staat a méi groussen Zären erreecht ginn.

D’Fréijoer huet ugefaangen a wann d’Wieder besser gëtt, zitt et nees vill Hobby-Gäertner virun d’Dier. Ma och fir déi professionell Geméisbauere fänkt d’Saison elo sou richteg un. Wann et der Regierung no geet, sollen zu Lëtzebuerg méi Uebst a Geméis ugebaut ginn. Fir dat Zil ze erreechen, ass ee Gesetz um Instanzewee, dat ënnert anerem de Bau vu méi groussen Zären erlaabt a méi finanziell Ënnerstëtzung duerch de Staat virgesäit.

De Marc Hoscheid war sech an zwee Betriber ee Bild doriwwer maachen, wéi d’Gesetz um Terrain ukënnt a viru wéi engen Erausfuerderungen d’Geméisbauere stinn.

Sief et Zalot, Gromperen oder Paprika - an der Gäertnerei vun der Famill Kirsch am Norde vun der Stad ginn eng Abberzuel u Geméiszorten a frësch Kichekraider ugebaut. Dat geschitt op véier Hektar Fräiland-Fläch an op 3.000 Metercarré an Zären, déi een hëtze kann. Aktuell ass net geplangt, de Betrib ze vergréisseren. Ma onofhängeg dovu fënnt een et gutt, datt am neien Agrargesetz virgesinn ass, datt an Zukunft méi grouss Zäre gebaut dierfe ginn.

Niki Kirsch, ass nach ëmmer am Familljebetrib aktiv:
“Virdrun hate mer 10 Joer laang, datt fir ee Geméisgäertner nëmme maximal 250 Metercarré erlaabt waren, an dat war einfach net tragbar, domadder kanns du an enger Geméisgäertnerei näischt ufänken. Du muss op d’mannst 1.000 bis 2.000 oder 3.000 Metercarré opriichten, fir datt d’Infrastruktur, déi an der Zär ass, sech rentéiert. Et ass net d’Carcasse eleng, et ass esou vill an der Zär, Berieselung, Lëftungen, d’Heizung.”

All dat gëtt vun engem sougenannte Klimacomputer gesteiert. Dësen ass mat enger Wiederstatioun um Daach verbonnen. An enger anerer Zär steet nach eng zweet Statioun, zesumme kaschte se ronn 45.000 Euro.

D’Bewässerung vun de Planzen ass ee wichtege Punkt, grad an Zäiten, an deenen de Präis vum Leitungswaasser klëmmt. D’Famill Kirsch setzt an éischter Linn op Reewaasser, dat op de versigelte Flächen opgefaangen an an engem ausgebaggerte Basseng gesammelt gëtt. Ma domadder net genuch.

Claude Kirsch, féiert de Betrib an der véierter Generatioun:
“D’Geméis muss jo och gewäsch ginn, äert et an d’Vente ka goen. A mir wäschen dat mat Leitungswaasser, wéinst den hygieenesche Standarden, déi mer mussen erfëllen. An dat Wäschwaasser ass jo net knaschteg, do ass allerhéchstens Buedem dran. An dat geet dann och rëm nees duerch Systemer, wou de Buedem wechgeholl gëtt an dat Waasser lant dann och hei, fir et och rëm nees an d’Natur ze bréngen, also de Circuit am Fong kuerzzeschléissen, ouni datt dat duerch eng Kläranlag muss goen.”

E bëssi ëstlech vun der Stad, méi genee zu Conter, huet d’Marie Goergen viru véier Joer hir eege Bio-Gäertnerei opgemaach. Op knapp dräi Hektar baut si eng 60 Zorte Geméis un, d’Zäre maachen 0,8 Hektar vun der Ubaufläch aus. Och si fënnt et gutt, datt an Zukunft méi grouss Zäre gebaut kënne ginn an déi finanziell Ënnerstëtzung an d’Luucht geet. Si géing sech bei den Hëllefen awer ee gesond Gläichgewiicht tëscht deene verschiddenen Zorten, fir unzebauen, wënschen.

Marie Goergen, ass zanter véier Joer d’Cheffin vun hirem eegene Betrib:
“Ech weess net, ob et super ass, just Zäre finanziell ze ënnerstëtzen, respektiv just den Ubau ënnert Zären, ënnert Glas unzekuerbelen. Well et awer och wichteg wier, dobaussen de Buedem, sou wéi mer en hunn, wéi mer lo scho joerzéngtelaang dra schaffen, dee mol rëm an d’Rei ze kréien an do eng uerdentlech Produktioun draus kënnen ze schafen, eng nohalteg Produktioun.”

Déi gréissten Erausfuerderunge wieren déi héich Produktiounskäschten, d’Verännerungen duerch de Klimawandel an iwwerhaapt mol, sech eng Clientèle opzebauen. Trotzdeem géing si ee grousst Potenzial fir Geméis aus Lëtzebuerg gesinn. Wa kleng Betriber méi ënnerstëtzt géinge ginn, kéint de Volume zéngmol sou héich ausfalen, wéi aktuell.

Back to Top
CIM LOGO