
Dëst sinn iwwer 300 Grondschoulen an eng 70 Lycéeën.
D’Ausschreiwung ass a 5 verschidde Lousen opgedeelt, wouvunner der 3 reservéiert si fir d’lokal Produzenten vun Äppel, Bieren a Muerten. Och d’geliwwert Bananne mussen alleguer d’Labelen Bio an Transfair hunn.
Fir eligibel, fir d’Liwweren vun 2,2 Milliounen Portiounen Uebst a Geméis ze sinn, mussen dës Betriber och Schüler op hiren Häff empfänken.
Wat d’Uebst an d’Geméis ugeet, muss en Zéngtel aus biologeschem Ubau kommen.
D’ëffentlech Soumissioun leeft bis Mëtt September a gouf online publizéiert ënner dem Site vun de staatlechen Marchés Publics.
Hei fannt Dir dat komplett Schreiwes vum Landwirtschaftsministère.