
No de Gewerkschaften huet sech de neien Aarbechtsminister elo och mam Patronat gesinn. E Méindeg souz eng Delegatioun vun der UEL beim Marc Spautz an huet de Wëllen zu engem konstruktive Sozialdialog ervirgestrach, deen equilibréiert a konstruktiv misst sinn.
Wéinst dem ganz schwaache Wuesstem, der Baisse vun der Produktivitéit a méi Chômage insistéiert d’UEL drop, dass de legale Kader verbessert gëtt, fir den Aarbechtsmarché an d’Wirtschaft ze redynamiséieren. Och d’Organisatioun vun der Aarbechtszäit soll an deem Kontext moderniséiert ginn, ass an engem Schreiwes ze liesen.

Wat d’Ëmsetze vun EU-Direktiven ugeet, notamment deenen iwwert de Mindestloun an d’Transparenz bei de Salairen, wier et der UEL no wichteg, net just op d’Protektioun vun de Salariéen ze kucken, mä och der ekonomescher Realitéit vun de Betriber Rechnung ze droen. Dofir sollten och déi administrativ Chargë fir Firme reduzéiert ginn.