Helikopter war am AsazUergen Accident tëscht Mëtscheed an Eschduerf

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch krute sech um CR314 am Norde vum Land géint 17.10 Auer 2 Gefierer ze paken. 2 Persoune goufe verwonnt.
© Domingos Oliveira

Wéi de CGDIS um Donneschdeg de Moie bestätegt, gouf 1 Persoun beim Accident schwéier blesséiert, eng weider méi liicht. D'Air Rescue gouf geruff an d'Strooss war fir den Trafic gespaart. D'Ambulanz vu Réiden an d'Pompjeeën Alebesch a Biissen waren op der Plaz.

Uergen Accident tëscht Mëtscheed an Eschduerf
Onkommentéiert Bildmaterial.

Back to Top
CIM LOGO