Frontalkollisioun op der N7Uergen Accident um Freideg am Nomëtteg - 2 Schwéierblesséierter

RTL Lëtzebuerg
Kuerz no 17 Auer koum et op der N7, op der Héicht vu Lëpschent zu engem schroen Accident. De Rettungshelikopter huet mussen an den Asaz.
© Domingos Oliveira

Wéi et ausgesäit, sinn hei zwee Gefierer frontal anenee gerannt.

D’Strooss huet musse fir d’Opraumaarbechte komplett gespaart ginn. Géint 18.30 Auer ass d’Streck nees opgemaach ginn, ma um 19 Auer war se nach emol fir Botzaarbechte gespaart ginn.

Op der Plaz waren zwou Ambulanze vum Asazzenter Nordstad, d’Pompjeeë vu Buerschent an Housen, grad ewéi de Samu mam Rettungshelikopter vun Ettelbréck.

Op Nofro hi krute mer vum CGDIS gesot, dass zwou Persoune schwéier blesséiert goufen.

Back to Top
CIM LOGO