D'Regierung spillt esou eng wichteg Roll ewéi scho laang net méi, dat geet aus engem Sondage ervir, deen Atoz, eng onofhängeg Steierberodungsfirma mat Sëtz um Sennengerbierg, bei enge 600 Persounen am Land duerchféiere gelooss huet. Et gouf een iwwerrascht ewéi d'Positioun vun der Politik vum Rôle als Niewen-Acteur am alldeegleche Liewen, bemol nees zum Zentrum vun der Opmierksamkeet gouf.
D'Ufuerderungen un d'Politik sinn extreemst héich, esou de Sondage.
Déi ganz Kris ronderëm de Covid weist, datt d'Leit prett fir Ännerunge sinn, esou d'Firma Atoz. Am Sondage fuerderen 90% vun de befrote Leit eng Re-Evaluatioun vum aktuelle Fonctionnement vun der Societéit a konkret Changementer. Nëmmen 9% vun der Populatioun am Grand-Duché wéilten nees zeréck op de Pre-Corona Status Quo.
Bei de Changementer steet virun allem d'Ëmwelt am Fokus, esou de Keith O'Donnell, Managing Partner bei Atoz.
„Mir sinn an enger sanitärer Kris, mä den éischte Reflex vun de Leit ass, mir musse méi fir d'Ëmwelt maachen. Et ass kloer, datt d'Ëmwelt an dës sanitär Kris op engem gewëssene Punkt zesummenhänken. Ma et ass warscheinlech éischter d'Reflexioun: eis Aart a Weis ze liewen, ass net méi gesond, mir mussen eppes maachen – dat ass fir d'Ëmwelt, mä och fir eis eege Gesondheet.“
An deem Kontext wënsche sech 54% vun de Befroten esouguer méi Reglementatioune vum Staat. Iwwerraschend, nodeems ee geduecht hätt, datt sech nom Confinement eng gewësse Middegkeet entwéckelt hätt, esou Atoz.
„Mir hu gemengt, et géif de Leit lues a lues duergoen. Mä et war de Géigendeel. E Groussdeel vun de Leit seet, se géife verstoen, datt méi Reglementatiounen an Interventioune vum Staat gebrauch ginn, fir déi aktuell Problemer an de Grëff ze kréien.“
Dorënner och de Logementsproblem. 70% vun de Befrote fuerderen hei eng méi streng Interventioun vum Staat um Wunnengsmaart.
„De Logement war ëmmer e wichtege Sujet zu Lëtzebuerg. Dat ass näischt Neies, ma datt et esou e grousse Sujet wärend enger sanitärer Kris bleift, weist, datt fir ganz vill Leit de Frust déif setzt. Ouni Logement kann een net liewen.“
Zulescht gouf dann och net u Kritik gespuert par Rapport zum Handling vun der Kris vun der Europäescher Unioun.
„Eng vun den éischte Saachen, déi d'Europäesch Unioun am Ufank vun der Kris sot, war: mir kënnen näischt maachen. Mir hunn d'Kompetenzen net. Dat war e Schock fir ganz vill Leit. Et ass déi gréisste Kris vun eiser Generatioun. Mir hunn e Marché a ganz vill aner Institutiounen, déi gutt funktionéieren. Ma d'Gesondheet ass esou wichteg a genau do kann näischt op europäeschem Niveau gemaach ginn. Do ware vill Leit enttäuscht.“
Bei engem esou kriddelegen Thema ewéi der Gesondheet hätten déi Befrote sech vun der Unioun am Stach gelooss gefillt a sech méi konkret Direktive gewënscht, esou nach de Keith O'Donnell. Insgesamt 300 Männer an 300 Frae mat Sëtz zu Lëtzebuerg goufen tëscht dem 13. an 22. August fir dëse Sondage befrot.
