Traditionellt Familljefest vum LCGB zu RéimechUkrainkrich an Tripartite si wichteg Sujeten an der Ried vum Patrick Dury

Tim Morizet
A senger Ried huet de President vum chrëschtleche Gewerkschaftsbond Patrick Dury Solidaritéit mat der ukrainescher Populatioun ausgedréckt.
LCGB zu Réimech
Den LCGB-President huet den Tripartite-Accord verdeedegt, dee seng Gewerkschaft matgedroen huet.

No enger Paus vun zwee Joer konnt den LCGB um 1. Mee erëm perséinlech Leit empfänken. Op hirem traditionelle Familljefest zu Réimech huet och de President vum chrëschtleche Gewerkschaftsbond Patrick Dury eng Ried gehalen. Grouss Sujete waren den Ukrain-Krich sou wéi d’Resultater vun der Tripartite.

D’Familljefest vum LCGB - Reportage vum Sabrina Backes

Den 1. Mee 2022 wier doduerch gezeechent, datt een net méi géing an engem friddlechen Europa liewen. Den LCGB President Patrick Dury: “An Europa gëtt et no bal 8 Joerzéngte Fridden erëm Krich, well de Putin-Regime säin Noper d’Ukrain iwwerfall huet an all Dag zanter dem 24. Februar ginn onschëlleg Fraen, Kanner a Männer vun de Russen an hirem Heemechtsland bombardéiert, massakréiert, vergewaltegt a gefoltert.”

D’Gewerkschaft fuerdert d’Regierung op, alles z‘ënnerhuelen, fir datt d’Ukrain sech géint den Aggresseur ka wieren a Russland net nëmmen ze denoncéiere, mee duerch weider Sanktiounen ze strofen.

Et sollt ee nëmme mat deenen Handel dreiwen, déi och demokratesch Wäerter deelen. D’Gewerkschaft nennt dat „eng Globaliséierung mat Leitplanken“. D’Europäesch Unioun misst sech anescht opstellen: “Den LCGB fuerdert, datt an Europa eng Wirtschaftspolitik op de Wee bruet gëtt, déi Europa strategesch méi onofhängeg mëscht an den erschaffte Räichtum och gerecht ënnert den Europäer verdeelt.”

Wéinst dëser ekonomescher a sozialer Kris ass och d‘Tripartite aberuff ginn. Den LCGB weist sech zefridde mat de Resultater. D‘Gewerkschaft hätt déi Zieler erreecht, déi si sech am Virfeld ginn hat. Den Indexsystem, fir deen si och asteet, wier duerch Resultat vun dëser Tripartite net a Fro gestallt ginn: “Den LCGB steet fir den Index an, well den Index nieft der Kafkraaft-Ofsécherung och d‘Basis fir eis Kollektivvertragsverhandlungen ass. Den Index ass domadder de Garant vum soziale Fridden hei am Land.”

De President vum chrëschtleche Gewerkschaftsbond Patrick Dury huet sech iwwerdeems iwwer strukturell Defiziter beim Logement opgereegt. Och kéint et net sinn, dass et bestëmmten administrativ Hürde ginn, déi et neie Betriber bal onméiglech géinge maachen, sech hei néierzeloossen an Aarbechtsplazen ze schafen.

No der Ried vum Patrick Dury huet de Staatsminister Xavier Bettel kuerz d’Wuert ergraff an huet d’Membere vum LCGB fir hiert Engagement gelueft.

PDF: Den Discours vum LCGB-President Patrick Dury

Back to Top
CIM LOGO