Protestaktioun net ausgeschlossULC enttäuscht, datt Petitioun géint Bankefraise keng Suitte krut

Pit Everling
De Konsumenteschutz wiert sech weider géint d'Bankefraisen. Eng Petitioun, déi d'ULC lancéiert hat, hat jo déi néideg Ënnerschrëfte kritt.
© RTL

D'ULC huet e Mëttwoch virun der Press de Point gemaach a sot sech enttäuscht, datt d'Petitioun géint d'Bankfraisen net méi Suitte krut. Dat soten déi Responsabel vum Konsumenteschutz en halleft Joer nom ëffentlechen Debat an der Chamber. D'ULC wëll sech trotzdeem weiderhi fir hiert Uleies staark maachen an zur Nout eng Protestmanifestatioun organiséieren.

Konsumenteschutz / Rep. Pit Everling

Bei der Chamberdebatt iwwer d'Petitioun wier ënner anerem eng Charta mat der Bankenassociatioun ABBL an Aussiicht gestallt ginn, ma et hätt sech duerno näischt méi beweegt an de Secteur wier net entgéintkomm. Vu gesetzlechen Nobesserungen - sou wéi de Finanzminister Pierre Gramegna se nom Debat suggeréiert hätt - wéilt deen elo wéi et schéngt och näischt méi wëssen, sou déi Responsabel vun der ULC.

Eng grouss Angscht vum Konsumenteschutz sinn iwwerdeems Negativ-Zënsen. Den ULC-President Nico Hoffmann mengt an deem Kontext, datt dëst virun allem géing de klenge Spuerer treffen. D'Regierung wier an der Responsabilitéit a misst legiferéieren.

Och d'Boergeld dierft net verschwannen, dat sollt souguer an der Verfassung verankert ginn. Bei de Sammelkloe waart een op den Avant-projet de loi, deen déi nei Verbraucherschutzministesch Paulette Lenert versprach huet. D'ULC fuerdert an dësem Sënn en Text, deen eng rapid Ofwécklung vun der Prozedur virgesäit, sou den Nico Hoffmann weider.

E Fong public soll kreéiert ginn, dee prozedural Fraise virfinanzéiere kéint.

Lo virun de Feierdeeg mécht d'ULC nach op Akafs- oder Kaddosbongen opmierksam. Do muss ee mam Validitéitsdatum oppassen - d'Geschäftsleit géife sou Bongen no enger Zäit alt gäre refuséieren. Virun dësem Hannergrond huet den ULC-President nach betount, datt all Joer eng Partie Reklamatiounen erakéimen an de Konsumenteschutz dowéinst eng gesetzlech Reglementatioun wëll. Leider géif awer och do blockéiert ginn an zwar vun der Confédération du Commerce.

Beim Logement géife mer carrement op eng Kris histeieren: "Spekulanten, Immobilienhaien, Promoteuren an déi verschidde Fongen, déi den Hals net voll kréien, sollten op d'Fanger geklappt kréien", huet den Nico Hoffmann gefuerdert.

D'Politik sollt endlech de Courage hunn, fir hei den Hiewel unzesetzen.

Back to Top
CIM LOGO