
Tëscht 14 an 18 Auer hat et e Samschdeg am ganze Land fatzeg geblosen. De Wand hat d'Spëtzte vun 90 bis 100 Kilometer an der Stonn. Eng Alerte Orange war dofir fir de Grand-Duché vu Meteolux declenchéiert ginn. Duerch dës Wiederwarnung gouf d'Buergbrennen op ville Plazen am Land ofgesot, ma net iwwerall.
Zu Beefort gouf de Wanter wéi geplangt verbrannt.
An och zu Uewerdonwen huet e Samschdeg den Owend d'Buerg gebrannt.
De Michel Welter huet eis Fotoe vun Nouspelt erageschéckt, d'Monique Leners vun Dol an d'Scouten haten och zu Dol eng Buerg opgeriicht.
Buergbrennen och e Samschdeg zu Wolz, organiséiert vun de Pompjeeën.
