
Nodeems d'Beamten de Won kuerz aus den Ae verluer haten, konnte si en an der Hollerecher Strooss nees ausmaachen. Si sinn dem Automobilist nogefuer, deen an der Autobunnssortie a Richtung Briddel konnt gestoppt ginn.
En Alkoholtest beim Chauffer war positiv an de Permis gouf agezunn. Déi 5 Leit am Auto kruten donieft e Protokoll an Héicht vun all kéiers 300 Euro well si géint d'Ausgangsspär verstouss hunn.