Sauvetage-Grupp fir Déieren am AsazUm Bouferterhaff bei Bartreng huet et an der Nuecht gebrannt

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Freideg gouf et um Bouferterhaff bei Bartreng e Feier. Niewent enger Scheier war kuerz no 2 Auer e Stréilager a Brand geroden.
© Domingos Oliveira / RTL

Am Asaz waren niewent deene Bartrenger Pompjeeën och hir Kolleegen aus der Stad, vu Mamer a vun Dippech, grad wéi och de Sauvetage-Grupp fir Déiere vum CGDIS, déi sech ëm d’Päerd gekëmmert hunn. Detailer feelen nach. Mënsche goufen op alle Fall net blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO