
D’Leit waren opgeruff ginn, éischter op de Flughafen ze kommen, well den Check-in méi laang géing daueren, dat sot d’Spriecherin vu Luxairport RTL géintiwwer.
Wéinst engem informatesche Problem hätt ee missen op eng manuell Prozedur wiesselen. D’Flich kéinten awer normal fléien.
De ganzen Dag gouf dru geschafft, de Problem ze behiewen. Géint der Owend dunn, koum d’Nouvelle, dass nees alles normal leeft. Iwwert déi genee Ursaachen ass nach net kommunizéiert ginn.
