Brand zu BounewegUm leschte Steiwer huet en Auto gebrannt

RTL Lëtzebuerg
Et gouf kee blesséiert an d'Pompjeeën haten d'Flame séier am Grëff.

E Freideg géint 17.45 Auer huet een op der Stater Gare op eemol däischter Wolleke gesinn.

De Grond: Um leschte Steiwer, also um Rue Dernier Sol, stoung en Auto a Flamen.

D’Pompjeeë ware séier op der Plaz an haten d’Féier och séier geläscht.

Persoune koumen net zu Schued.

Back to Top
CIM LOGO