
Dat preziséiert d’Police um Dënschdeg de Mëtteg.
De Mann, dee sech selwer ugestach huet, koum nom Tëschefall direkt an d’Spidol, nodeems Éischt Hëllef op der Plaz geleescht gi war. En Aenzeien huet Zivilcourage bewisen an d’Kleeder vum Affer geläscht.
Nieft der Police war och de CGDIS aus der Stad mat enger Ambulanz op der Plaz.
An dësem Fall huet d’RTL-Redaktioun en Artikel matgeholl, an deem et sech eventuell ëm e Suizid-Versuch handelt. Leit, déi suizidär Gedanken hunn, kënnen Hëllef bei SOS Détresse um Telefon 45 45 45 kréien. All Informatioune fënnt een op www.prevention.suicide.lu.