Bei dësem Exercice goufen d'Persounen, déi festhoungen, entweder ofgeseelt, mat der Leeder gerett oder mam Helikopter a Sécherheet bruecht.
Déi ganz Rettungsaktioun huet knapp 2 Stonne gedauert. Well hei ganz ënnerschiddlech Corpsen an den Asaz kommen, déi net all Dag zesumme schaffen, ass et wichteg, d'Ofleef ze trainéieren.
Exercicer, bei deenen de Veianer Sessellift am Mëttelpunkt steet, ginn et reegelméisseg. Eng Demande, déi esouwuel vun de Secouristen, wéi och vun der Gemeng kënnt.