Zu Péiteng an zu MierschUm Sonndeg gouf un d'Liberatioun virun 80 Joer erënnert

Jeannot Ries
Den 9. September sinn et op den Dag 80 Joer, dass déi éischt amerikanesch Truppen zu Péiteng iwwert d'Grenz koumen.
Zu Péiteng an zu Miersch gouf un d'Liberatioun virun 80 Joer erënnert
Den 9. September sinn et op den Dag 80 Joer, dass déi éischt amerikanesch Truppen zu Péiteng iwwert d’Grenz koumen.

Een Dag méi spéit waren och d’Stad Lëtzebuerg an den Zentrum vum Land befreit.

De Weekend iwwer gouf schonn op enger Rei Plazen am Land un dësen historeschen Ament erënnert, wou d’Lëtzebuerger no iwwer 4 Joer Nazi-Occupatioun nees fräi waren.

Mam Defilé e Sonndeg de Mëtteg zu Miersch, konnten déi jonk Generatiounen, déi zum Gléck de Krich just aus de Geschichtsbicher kennen, sech e Bild maachen, wéi d’Stëmmung um 10. September 1944 am Zentrum vum Land war. Mat ganz aneren Aen hunn d’Zäit-Zeien des Festivitéiten ënnert dem Motto '' Endlech fräi '' erlieft.

De Léon Kayser, deen déi éischt amerikanesch Jeep zu Schëndels gesinn huet. Der Triny Walin, ass d’Emotioun haut nach, 80 Joer duerno, aus der Stëmm eraus ze héieren. Si huet deemools mat hirer Mamm déi éischt Amerikaner am Éislek, zu Heesdref gesinn. Spéider op Lëtzebuerg ausgewandert, huet de Louis Malherbe, deen haut 98 Joer huet, de Krich an de belschen Ardennen erlieft. Den Defilé vun dësem Sonndeg huet de gebiertege Belsch emotional markéiert.

Zu Miersch gouf deene geduecht, déi sech deemools Sacrifiéiert hunn, fir dass mir haut hei bei eis weider a Fridden an a Fräiheet liewen. Et goufen awer och Froe gestallt, mam Bléck op d’Welt 80 Joer duerno.

“Du do uewen, deem seng Hand, duerch d’Welt d’Natioune leet, behitt du d’Lëtzebuerger Land, viru frieme Joch a Leed”.

D’Heemecht huet e Sonndeg de Moien zu Péiteng d’Mass ofgeschloss, déi vum Kardinol Jean-Claude Hollerich zelebréiert gouf. A senger Priedegt ass de gebiertegen Déifferdenger, deen de Krich als Kand vum erzielen entdeckt huet, d’Fro opgeworf: hu mer näischt aus der Geschicht geléiert?

Eng Mass, no där de Passeuren a Resistenzler geduecht gouf, déi grad am 3-Länner-Eck aktiv waren, verbonne mat Reseauen a Frankräich an an d’Belsch eran, an esouguer bis an England.

E Méindeg den Owend ass dann och do eng offiziell Commemoratiounsfeier un där ënnert anerem den Ierfgroussherzog Guillaume an de Premier Luc Frieden Deel huelen, genee wéi och eng Partie historesch Militärgefierer. An der Lénger Strooss steet jo och en Denkmal, fir un den Hyman Josefson z’erënneren. Hie war deen éischten amerikaneschen Zaldot, deen deemools op Lëtzebuerger Territoire ëm d’Liewen koum.

Liberatiounsfeier zu Miersch / Reportage Chris Meisch

RTL-News: Promesse solennelle zu Péiteng

Back to Top
CIM LOGO