Bilan vun der nationaler Campagne vun der Sécurité routièreD'Police zielt 267 Infraktioune vu Motosfuerer an nëmmen engem Mount

RTL Lëtzebuerg
Ënnert anerem goufe 25 Avertissements taxés geschriwwen, well d'Vitess iwwerschratt gouf. Zweemol war d'Vitess esou héich, dass de Permis direkt agezu gouf.
© Police

Am Kader vun enger nationaler Campagne vun der Sécurité routière, déi sech virun allem op d'Motocycliste konzentréiert huet, goufen tëscht dem 27. Mäerz an dem 26. Abrëll 2026 säitens der Police 267 Infraktioune gezielt. Kontrolléiert goufen d'Ekipement dat ee muss dobäi hunn, den Zoustand vum Moto, ma awer och d'Gültegkeet vun de Pabeieren.

Ënnert anerem goufe 25 Avertissements taxés geschriwwen, well d'Vitess iwwerschratt gouf. Zweemol war d'Vitess esou héich, dass de Permis direkt agezu gouf. An 41 Fäll waren d'Pabeieren net an der Rei. 78 mol goufe Motocycliste verwarnt, well hir Maschinn net an der Rei war. Bei 16 Motoen waren ënnert anerem och d'Pneuen net an der Rei.

Da goufen et nach eemol 31 Avertissements taxés wéinst geféierlechem Fueren, beispillsweis well riets iwwerholl gouf oder kee Winker gemaach ginn ass. An 13 Fäll war eppes mam Helm net an der Rei, an 23 Fäll war de giele Sécherheetsgilet net u Bord vun der Maschinn.

Wärend der Period an där staark kontrolléiert gouf, goufen 13 Fuerer verbaliséiert, well Schëlder net respektéiert gi sinn, 14 Mol gouf sech falsch geparkt an an zwee Fäll ware Chauffeuren um Handy.

Back to Top
CIM LOGO