28. JuliUm Welt-Hepatite-Dag kann ee sech gratis an anonym teste loossen

RTL Lëtzebuerg
Experte fir Infektiounskrankheeten hu festgestallt, dass d'Hepatite-Behandlungen a Screeningen ënnert der Pandemie gelidden hunn.
Welt-Hepatite-Dag
E Mëttwoch konnt ee sech gratis an anonym op der Gare op Hepatite an HIV teste loossen.

Ënner Hepatite versteet een Infektioune vun der Liewer, déi duerch Vire verursaacht ginn. Déi bekanntste Variante sinn den Hepatite-A-Virus, den Hepatite-B-Virus an den Hepatite-C-Virus. Den Hepatite-B-Virus gëtt haaptsächlech sexuell iwwerdroen. Am beschte kann ee sech virun enger Infektioun duerch eng Impfung schützen. Hepatite C gëtt iwwert d'Blutt iwwerdroen. Gi béid Zorten Hepatite net behandelt, kënne si no e puer Joer zu enger Liewerzirrhose féieren a vill Schued am Kierper verursaachen, genausou wéi bei exzessivem Alkoholkonsum, warnt d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert.

Nodeems een enger Situatioun ausgesat war, an där et en héijen Infektiounsrisiko gouf, soll een op d'mannst ee Screening a sengem Liewe maachen, schreift de Gesondheetsministère an d'HIV-Berodung vum Roude Kräiz. Dëse Screening ass donieft och wichteg, well op dës Manéier eng Infektioun mat HIV kann nogewise ginn.

Wéini soll ee sech ënnersiche loossen?

Éischtens, wann ee Familljemember oder e Partner eng chronesch Hepatite huet. Zweetens, wann ee Bluttkontakt virun den 1990er Joren oder an engem Net-EU-Land hat. Dozou zielen zum Beispill Blutttransfusiounen, Tätowéierungen, Zänn-Behandlungen oder chirurgesch Agrëff. Drëttens gëtt recommandéiert, e Screening ze maachen, wann een Droge gesprëtzt huet oder dës duerch d'Nues consomméiert huet, och wann een dat just eng Kéier gemaach huet, respektiv mat engem zesummen ass, deen Drogen op dës Manéier geholl huet oder dat nach ëmmer mécht.

Fir sech testen ze loossen, brauch ee just e Generalist ze kontaktéieren an e Rendez-vous bei der "Consultation de dépistage du Service des maladies infectieuses" vum CHL ze huelen. Oder et setzt ee sech mat der HIV-Berodung vun der Croix Rouge a Kontakt, fir e Schnelltest ze maachen.

Am Kader vum Welt-Hepatite-Dag bitt eng Ekipp vum DIMPS den 28. Juli op der Gare tëscht 11 a 15 Auer anonym a gratis Schnelltester un. D'Leit kënne sech hei op Hepatite C an HIV teste loossen.

Sensibiliséierungsdag vun HIV-Berodung, CRP-Santé, CHL a Gesondheetsministère

Et gëtt net esou vill driwwer geschwat wéi iwwer Aids, ma d'Krankheet ass awer net manner geféierlech a jidderee ka se kréien. Rieds ass vun Hepatitt. Haut ass internationalen Hepatitten-Dag a fir op d'Konsequenze vun der Krankheet an op méiglech Impfungen an Therapien opmierksam ze maachen, organiséieren d'HIV-Berodung an den CRP-Santé zesumme mam CHL an dem Gesondheetsministère e Sensibiliséierungsdag.

Um Welt-Hepatite-Dag sinn d'Dokteren ënnert d'Leit gaangen, fir op déi chronesch d'Liewerkrankheet opmierksam ze maachen. Mat enger Camionnette stounge si virun der Stater Gare, wou sech all Dag vill verschidde Leit ophalen.Zu Lëtzebuerg wier d'Situatioun déi lescht Jore stabel gewiescht. Well et eng sougenannte Maladie silencieuse ass, hätt ee wéineg konkret Donnéen. Déi lescht Zuele ginn op d’Joren 2004 bis 2017 zréck. 718 Fäll goufen an deem Zäitraum detektéiert. Ouni genee Zuelen, gëtt een den Ament dovunner aus, datt aktuell tëscht 5.000 an 10.000 Persounen zu Lëtzebuerg un Hepatite erkrankt sinn.

De Pit Braqué - Koordinator vum Hepatite-Plang:

„Bei den Hepatite B an C dat sinn sou schlofend Krankheeten, wou een net onbedéngt weess am Ufank, dass een infizéiert ass, déi gi vun engem Virus verursaacht, deen ass am Blutt an dee gräift iwwer Jore lues a lues d'Liewer un. Et si Leit, déi hiert ganz Liewe mat deene Virusse liewen, dann och ustiechend sinn awer selwer keng Komplikatioune kréie vun deene Krankheeten."

Weltwäit si ronn 260 Millioune Mënschen infizéiert. Ëm déi 1,4 Millioune Mënsche stierwen pro Joer um Virus. Déi heefegste Variatiounen, déi een zu Lëtzebuerg ka fannen, sinn Hepatite A, B, C, D an E.

All Hepatite huet seng eegen Aart a Weis wéi ee sech domat kann ustiechen.

De Pit Braqué - Doktor aus dem CHL:

„Zum Beispill d'Hepatite A, déi sech éischter iwwer d'Iessen a verschmotzte Waasser iwwerdréit a Länner, wou d'Hygiène net sou dat ass. Hepatite B ka vun der Mamm op d'Kand iwwerdroe ginn am Kleng-Kand-Alter. Bei der Hepatite C ass et méi eng Saach am Moment zu Lëtzebuerg mam Blutt, dat heescht, dat gëtt duerch d'Drogen iwwerdroen: Sprëtzen, mä och sniffen, wat vill Leit net wëssen."

Den Ament existéieren Impfunge géint den Hepatite A a B, géint déi aner Varianten ass nach kee Vaccin fonnt ginn.

De Pit Braqué - Dokter aus dem CHL:

„Bei der Hepatite A ass et sou, dass een do muss 2 Impfungen an Zäit vu mindestens 6 Méint Ofstand maachen, déi ass liewenslänglech gutt. Dat ass eng ganz gutt Impfung, déi praktesch keng Niewewierkungen huet a wéi gesot 100 Prozent vun de Leit ee Liewe laang schützt. Déi vun der Hepatite B ass ganz e bësse manner gutt, well et muss een 3 Dose maachen an déi ass nëmmen zu 95 Prozent liewenslänglech gutt."

Wann ee sech impfen oder screene loosse wëll, kann ee sech un den Hausdokter oder d'Rout Kräiz adresséieren, do ginn et verschidden Depistagestatiounen. Am CHL gëtt et och eng Consultatioun, wou ee sech informéieren oder screene loosse kann.

Schreiwes

Journée mondiale des hépatites: «Les hépatites ne peuvent pas attendre!» (28.07.2021)

Communiqué par: ministère de la Santé / HIV Berodung de la Croix-Rouge luxembourgeoise

À l'instar de nombreux sujets de santé et de société, le dépistage et le traitement des hépatites virales ont également souffert de la pandémie. Les professionnels des maladies infectieuses constatent que l'année 2020 a été marquée par un retard de dépistage et de traitement causé par la pandémie, alors que les virus des hépatites continuaient à se répandre. Au vu de ce constat, il est nécessaire de remédier à cette situation afin que les personnes vivant avec une hépatite virale soient dépistées rapidement et puissent être traitées!

Les hépatites virales sont des infections du foie causées par des virus dont les plus connus sont le virus de l'hépatite A, le virus de l'hépatite B et le virus de l'hépatite C. L'hépatite A, transmise par l'ingestion d'aliments contaminés, a presque disparu en Europe. L'hépatite B est principalement transmise par voie sexuelle et la meilleure façon de s'en protéger est la vaccination. L'hépatite C est transmise par le sang, essentiellement via le matériel de consommation de drogues par injection ou encore par sniff, mais également lors de piercing, tatouages, opérations, soins dentaires en fonction du pays où ces actes ont eu lieu. Cette dernière est maintenant curable avec un traitement de 2 à 3 mois.
«Si les hépatites B et C restent non soignées elles peuvent conduire à une cirrhose après plusieurs années d'évolution et faire autant de dégâts qu'une consommation excessive d'alcool. Elles sont également transmissibles aux proches et à l'entourage, c'est pour cette raison qu'il est important d'être dépisté, traité et protégé», met en garde la ministre de la Santé, Paulette Lenert.

Hépatite C – Quand se faire dépister?

Après avoir vécu une situation à risque d'infection à l'une ou l'autre hépatite virale, il est nécessaire de faire un dépistage au moins une fois dans sa vie, le dépistage est doublement efficace puisqu'il permet également la recherche du VIH. Il est recommandé de faire un dépistage dans les situations suivantes:
• avoir un membre de sa famille ou un/e partenaire qui a une hépatite virale chronique,
• avoir eu un contact sanguin avant les années 1990 ou dans un pays hors Union européenne: transfusion, chirurgie, soins dentaires, tatouages, piercings, etc.,
• avoir sniffé ou injecté des drogues même une seule fois dans sa vie, ou être en couple avec quelqu'un qui l'a ou le fait.

Pour se faire dépister, il suffit d'en parler à son médecin généraliste ou à tout autre médecin de son choix, de prendre rendez-vous à la consultation de dépistage du Service des maladies infectieuses du Centre hospitalier du Luxembourg (CHL – Tél.: 4411-3091) ou encore, de se rendre à la permanence de dépistage au sein du service HIV Berodung de la Croix-Rouge pour réaliser un test rapide pour l'hépatite C et/ou le VIH (www.dimps.lu).
Dépistage gratuit à la gare de Luxembourg (28.07.2021)
À l'occasion de la Journée mondiale contre les hépatites, l'unité mobile DIMPS sera présente sur le parvis de la gare de Luxembourg le mercredi 28 juillet de 11 à 15 heures pour réaliser des tests de dépistages rapides, anonymes et gratuits détectant la présence d'une hépatite C, mais également du VIH.

Lien(s) utile(s)
www.aids.lu
www.dimps.lu
www.sante.lu
https://www.who.int/campaigns/world-hepatitis-day
https://www.worldhepatitisday.org/

Back to Top
CIM LOGO