Petitioun a Chamber diskutéiertUnerkennung vu Palästina géif den Ament näischt bréngen, sou Xavier Bettel

Tim Morizet
Vun den 193 UN-Memberlänner hu mëttlerweil 145 Palästina unerkannt. Lëtzebuerg nach ëmmer net.
Lëtzebuerg soll Palästina als onofhängege Staat unerkennen
E Mëttwoch gouf an der Chamber iwwer eng entspriechend Petitioun diskutéiert, déi den néidege Seuil vun Ënnerschrëfte krut.

Eng Petitioun vum Halid Karajbic, déi e Mëttwoch de Moien an der Chamber diskutéiert gouf, hat relativ séier 5.300 Ënnerschrëfte kritt. Eng entspriechend Motioun vun der LSAP war virun e puer Wochen an der Chamber debattéiert ginn, gouf awer vun der CSV-DP-Majoritéit refuséiert.

Kritt dës Diskussioun dann elo eng nei Dynamik, no der Petitioun?

Gedold hunn an de richtegen Ament ofwaarden, huet et nach viru 6 Wochen um Krautmaart geheescht, soss gouf et kaum e Message vum Grand-Duché no baussen. Virun der Dier huet ee vun enger verpasster Chance geschwat.

“Den opportune Moment, deen den Ausseminister verpasst huet, wier am Mee gewiescht. Antëscht hu Länner ewéi Irland, Spuenien oder och Norwegen Palästina unerkennt. Et ass elo an e puer Wochen un der Zäit, datt d’Chamber dat nohëlt, wat längst hätt misse gemaach ginn”, sou de Mark Burggraff, dee fir d‘Unerkennung vu Palästina manifestéiert.

D’Dalia Khader, Lëtzebuergerin mat Racinnen zu Jerusalem:

“Ech sinn no esou vill Joren nach ëmmer Deel vun enger Generatioun, déi fir am eegene Land ze reesen, duerch Check-Points muss. Et gi Segregatiounsmaueren. Et ass Israel, wat decidéiert, wien dierf duerch a wien net. D‘Palästinenser gi konstant humiliéiert. Et ass en Apartheid-System.”

De Petitionär Halid Karajbic stoung der Chamber Ried an Äntwert an huet och vu perséinlechen Erfarunge geschwat. Och hie bedauert de Retard bei der Unerkennung vu Palästina als eegene Staat.

D’Martine Kleinberg vu Jewish Call for Peace Lëtzebuerg präziséiert heizou:

“Och wa Lëtzebuerg de Waggon vum Zuch, dee vu Spuenien gezu gouf, verpasst huet, kann d’Land nach ëmmer nozéien. Et gi keng kleng Schrëtt, keng kleng Länner bei der Rettung vun enger Populatioun.”

Vu Säite vum Ausseministère versteet een d’Wichtegkeet ronderëm d’Symbolik vun enger Unerkennung. Ma dës géif an der aktueller politescher Situatioun an Israel näischt bréngen, respektiv géif d’Situatioun just weider fir d’Palästinenser verschlëmmeren.

De Xavier Bettel Ausseminister:

“D’Symbolik ass och wichteg. Mee d’Konklusioun ass elo, datt Israel decidéiert huet, well Norwegen Palästina unerkannt huet, déi ganz Steiergelder aus Palästina de Palästinenser net méi ze ginn. Well si net méi wëllen iwwer Norwegen transferéieren.”

Zanter Woche géif de Lëtzebuerger Ausseministère Gespréicher mat Partner-Länner féieren, och mat de Golfstaaten, fir laangfristeg Léisungen op den Dësch ze bréngen. D’Reconnaissance vu Palästina géif kommen, zum richtegen Ament an zesumme mat de richtege Länner, esou nach den Ausseminister. D‘Petitionäre weise sech enttäuscht iwwer den Ausgang vum Debat. Et wier een net géint Sanktiounen, nieft enger Reconnaissance.

Enn dës Joers, esou d’Decisioun vun der Chamber, soll nach emol iwwer eng Unerkennung debattéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO