Zu EschUrinéiere widder en Auto huet engem Mann e Protokoll abruecht

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg an de fréie Moiesstonnen ass eng Persoun opgefall, déi an der Rue du Brill zu Esch widder en Auto gepisst huet.
© Frédéric Soreau / Photononstop via AFP

Wéi de Mann d’Poliziste gesinn huet, ass en bei en Auto gaangen an ass do op der Bäifuerersäit erageklommen.

D’Beamten hu souwuel de Chauffer, wéi och de Bäifuerer kontrolléiert, woubäi en däitlechen Alkoholgeroch konnt festgestallt ginn. Dat gouf dann och mam Alkoholtest bestätegt. E provisorescht Fuerverbuet fir de Chauffer gouf geschriwwen, an de Bäifuerer gouf wéinst dem Urinéiere protokolléiert.

E Samschdeg de Moie géint 5 Auer ass enger Policepatrull an der Rue de Bonnevoie an der Stad en Auto opgefall, deen nawell geféierlech ënnerwee war. Den Auto konnt kuerz drop gestoppt ginn. Den Alkoholtest beim Chauffer war positiv an e Fuerverbuet gouf ausgestallt.

Back to Top
CIM LOGO