No Groussbrand zu KeelUrsaach vum Feier nach net gewosst

RTL Lëtzebuerg
D'Ursaach vum Groussbrand bei deem de 6. Dezember zu Keel e Bouf vu 6 Joer ëm d'Liewe koum, ass nach net gewosst.
© Domingos Oliveira

Stand e Méindeg, hat de Parquet nach kee Rapport vun der Police Technique kritt. D’Haus ass nom Feier net méi bewunnbar. Déi 6 Familljen, déi hei gewunnt hunn, si mëttlerweil an engem miwweléierten Haus zu Esch-Raemerich ënnerbruecht. Hei kënne si bis den 11. Januar 2023 wunne bleiwen.
23 Mënsche goufen am Ganze relogéiert.

Back to Top
CIM LOGO