VerdiktUrteel géint 4 jonk Männer wéinst Rebellioun géint Polizisten um Virowend 2021

Anne Wolff
Direkt e puer Kläppereie goufen et virun zwee Joer um Virowend vun Nationalfeierdag, wéi Jonker mat Polizisten hannert dem Palais uneneegerode sinn.
Urteel géint 4 jonk Männer wéinst Rebellioun géint Polizisten um Virowend 2021
Direkt e puer Kläppereie goufen et virun zwee Joer um Virowend vun Nationalfeierdag, wéi Jonker mat Polizisten hannert dem Palais unenee gerode sinn.

An enger esou enger Affär ass um Donneschdeg d‘Urteel géint 4 jonk Männer gefall. Si waren ënnert anerem ugeklot wéinst Rebellioun, Beamtebeleidegung, Schléi géint Beamten a Coups et blessures volontaires.

Eng Persoun gouf fräigeschwat, eng zu enger Amende vu 500 Euro a 300 Schuedenersatz verurteelt an den 3. zu 240 Sozialstonnen a 500 Euro Schuedenersatz. Bei dem 4. Ugekloten huet et sech ëm Verwiesslung gehandelt, esou dass dee fräigesprach gouf, well en zum Moment vun de Faiten am Prisong souz.

Den Affekot vun deenen 3 effektiv concernéierten Ugekloten, de Me Frank Rollinger, huet op d’Urteel reagéiert. Et wier een net onzefridden, ma et hätt ee sech e Fräisproch fir allen dräi Ugeklote virstelle kënnen. Et misst een allerdéngs d’Urteel am Detail liesen.

Et stoung och de Virworf am Raum, eng Polizistin hätt e Fauschtschlag kritt. Allerdéngs dee vun hir identifizéierten Täter souz dee Moment am Prisong. Domat ass dee wierkleche Schëllegen net identifizéiert ginn.

Dee selwechten Owend gouf et e puer Meter weider eng weider Ausernanersetzung tëscht engem jonke Mann an der Police. Dee gouf dobäi esou schwéier blesséiert, datt en op engem A bal blann ass. Déi Enquête ass allerdéngs nach en Cours.

Back to Top
CIM LOGO