Dr. Jean-Claude SchmitVaccin gëtt generell gutt vun de Leit verdroen, Niewewierkunge sinn Exceptiounen

RTL Lëtzebuerg
Dat ass e Constat, deen d'Santé mécht. Et kéim just an eenzele Fäll zu méi signifikativen Niewewierkungen.
Punkt fir Punkt - Niewewierkungen no Impfungen
Vaccin gëtt generell gutt vun de Leit verdroen, Niewewierkunge sinn Exceptiounen.

Dat gëtt den Direkter vun der Santé, den Dr. Jean-Claude Schmit am RTL-Interview zou. Dat wieren awer Exceptiounen.

Féiwer oder den Aarm wéi no enger Impfung, dat si Reaktiounen, déi ee sech erwaarde kann a souzesoen “einfach” Niewewierkungen. Bei méi schwéiere Reaktioune soll een natierlech bei den Dokter goen, deen dëst dann och bei der Santé melle soll, betount den Dr. Jean-Claude Schmit. Där Meldungen hätten et der eng Partie ginn.

Mir kruten iwwert déi ganz Méint bei méi wéi enger Millioun Injektiounen 2.042 méi seriö Niewewierkunge gemellt an dovu sinn der 461, déi ënnert d’Krittäre vun der Gravitéit falen, wéi se europawäit applizéiert ginn. Dat heescht awer net, datt bewisen ass, datt dat duerch de Vaccin ausgeléist ass. Eng Deklaratioun heescht net direkt, datt et och e Lien gëtt.

Ma wéi eng Fäll muss en Dokter da bei der Santé mellen?

Leit, déi hospitaliséiert ginn zum Beispill, Leit, déi Myokarditien hunn, wat eng vun de Niewewierkungen ass. Dat gëtt gemellt vum Dokter, mee och d’Patiente kënnen dat selwer iwwer e Formulaire mellen an da froe mir méi Informatioune beim Dokter.

De Fall gesat, et hat ee méi schwéier Niewewierkunge scho bei der éischter Dosis vum Vaccin, kann een e Certificat ufroen, deen et erlaabt, net weider geimpft ze ginn.

Dee muss motivéiert gi vum Dokter a mir kucken dat dann och relativ kritesch, gegebenfalls mam Contrôle médicale vun der Sécurité sociale, sou wéi dat am Gesetz virgesinn ass a wann dat eng seriö Niewewierkung ass an et e Risk gëtt, datt änlech Niewewierkunge mat dem nämmlechten oder engem anere Vaccin kéimen, kréien déi Leit e Certificat ausgestallt.

Dëst wier en nationale Certificat, deen et de Leit erlaabt, iwwerall an d’CovidCheck-Zonen eranzekomme mat engem zousätzleche Schnelltest allerdéngs, huet den Direkter vun der Santé nach betount.

Weider Informatioune fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO