Richteg recycléierenValorlux - Wat gehéiert dann elo dran a wat net?

RTL Lëtzebuerg
Zanter dem 1. Juli 2021 kann ee Plastiksdëppercher, -schuelen a folien dra geheien. Awer trotzdeem net grad all. Do kann ee séier mol duerchernee kommen.
Wéi ee Plastik dierf een an déi blo Tut geheien?
D’lescht Joer gouf d’Lëscht vum Plastik, deen an d’Valorlux-Tut gehéiert, erweidert. Trotzdeem kënnt een ëmmer rëm duercherneen.

Op der bloer Tut vun der Valorlux sti generell Erklärungen drop: Plastiksfläschen, Verpackungen aus Metall an Tetrapacken dierfen dran. Doriwwer eraus soll een awer bei verschiddene Saachen oppassen a bei ville Verpackunge sinn déi meescht Leit sech onsécher.

Schwaarze Plastik zum Beispill gehéiert net dran. D’Sortéiermaschinn fonctionéiert mat enger Infrarout-Luucht, mä déi donkel Faarf erméiglecht keng Reflektéierung vum Liicht. Doduerch erkennt d’Anlag d’Material vun der Verpakung net a sortéiert se aus. Sou erkläert et de Claude Turping, Direkter bei der Valorlux.

Nieft deene ganzen Emballagen, déi also net an déi blo Tut gehéieren, ginn et nach e puer Tricken, déi ee respektéiere soll. Dozou gehéiert d’Zesummendrécke vu Fläsche fir Plaz ze spueren am Camion oder d’Erofhuele vun Deckele vu Kéis, Ham an änleche Verpakungen.

Eng méi genee Lëscht iwwert alles, wat dra gehéiert an net, a wei d’Verpakunge recycléiert ginn, fannt Dir um Internetsite vun der Valorlux.

Back to Top
CIM LOGO