CGDISVéier Blesséierter am Stroosseverkéier en Dënschdeg den Owend

RTL Lëtzebuerg
Ee Motocyclist gouf zu Rolleng blesséiert. Iwwerdeems gouf et zu Rammerech dräi Blesséierter.

Géint 17.30 en Dënschdeg den Owend gouf zu Rolleng bei Miersch an der Rue de Luxembourg e Motorrad vun engem Auto ugestouss. De Motocyclist gouf dobäi blesséiert. E Samu vun Ettelbréck an eng Ambulanz vu Lëntgen waren op der Plaz.

De CGDIS mellt dann och een Accident géint 18 Auer an der Zone Industrielle um Riesenhaff zu Rammerech. Et waren zwee Autoen an d’Kollisioun verwéckelt gewiescht an am ganze goufen dräi Persoune blesséiert. Zu Esch gouf de CGDIS dann nach géint 19.15 Auer an d’Rue Nelson Mandela geruff. Den Asaz huet sech allerdéngs als “Appel abusiv” erausgestallt.

Back to Top
CIM LOGO