
E Sonndeg waren am nationale Futtball d'1/32-Finallen vun der Coupe de Luxembourg.
Déi décksten Iwwerraschung gouf et beim 2:1 tëscht Iechternach an Hesper. Nodeems d'Gäscht aus der BGL Ligue bis kuerz viru Schluss 1:0 vir waren, ass d'Lokalekipp an der fënnefter Minutt vun der Nospillzäit zum Ausgläich komm. An der Verlängerung huet Iechternach den 2:1 erzwongen a sech ënnert dem Stréch net onverdéngt fir d'1/16-Finall qualifizéiert.
Zwou weider Ekippen aus der BGL Ligue hu souguer missen an d'Eelefmeterschéisse goen. Wärend Hueschtert zu Steesel dëse Schock iwwersteet (2:3), flitt Walfer zu Gréiwemaacher aus der Coupe (6:5). Mat Hesper a Walfer sinn domat zwou Ekippen aus der ieweschter Divisioun schonn an der 1/32-Finall raus aus der Coupe de Luxembourg.
Eng weider grouss Iwwerraschung gouf et zu Lëntgen. D'Lokalekipp, aktuell Éischten an der éischter Divisioun, huet Fola Esch beim 3:0 keng Chance gelooss. An der 42. Minutt huet de Yann N'Guessan seng Ekipp a Féierung bruecht, no enger knapper Stonn huet den Denny Ottelé op 2:0 gestallt a spéitstens nom zweete Gol vum Yann N'Guessan (76') war de Match entscheed. Scho virun zwee Joer huet et Lëntgen bis an d'Véirelsfinall gepackt.
Och beim Match Bartreng géint Miersch huet d'Ekipp aus der éischter Divisioun géint d'Ekipp aus der Éierepromotioun gewonnen. Beim knappen 3:2-Erfolleg huet virun allem de Abdoul-Razak Coulibaly mat zwee Goler ee groussen Undeel. Miersch huet domat nom Feelstart an der Liga (Ee Punkt aus fënnef Matcher) och an der Coupe enttäuscht.
Den Titelverdeedeger Déifferdeng gewënnt 5:1 zu Useldeng, de Champion Biissen eliminéiert d'AS Red Black mat engem 3:1 a Munneref feiert beim 10:1 zu Wëlwerwolz déi héchste Victoire um Sonndeg.