
Géint 6:50 Auer ass e Motocyclist bei engem Accident op der RN23 tëscht Osper an Hueschtert blesséiert ginn. Op der Plaz waren d'Rettungsekippe vun Osper an Hueschtert an d'Ambulanciere vu Miersch.
Um 7:10 Auer krute sech dann op der RN08 tëscht Bruch a Recken en Auto an e Moto ze paken. Och hei gouf eng Persoun blesséiert. D'Ekippen au den Asazzenter vu Miersch a Colmer-Bierg waren hei am Asaz, grad ewéi d'Ambulancieren aus der Nordstad an de Stater Samu.
Zwou Persoune goufen da blesséiert, wéi um 8:23 Auer an der Näerzenger Strooss zu Diddeleng zwee Autoen aneneegerannt sinn. Nieft de Rettungsekippe vun Diddeleng war hei och den Escher Samu op der Plaz.