
Um 14:40 Auer gouf eng Persoun bei engem Autosaccident tëscht Näertrech an Déierbech um CR329B blesséiert. Nieft de Pompjeeë vu Wolz a Wëntger an den Ambulanciere vu Clierf war hei och de Samu an de Rettungshelikopter am Asaz.
Dräi Blesséierter gouf et dann, wéi géint 15:30 Auer e weideren Auto accidentéiert ass. Dës Kéier op dr RN10 tëscht der Doosber Bréck a Maarnech. D'Pompjeeë vu Clierf an d'Ambulanciere vun Ëlwen a Wolz waren op der Plaz.