
Zu Gréiwemaacher ass e Mëttwoch géint 8.50 Auer eng Persoun vun engem Auto ugestouss ginn. De Samu war op der Plaz.
Géint 9.45 Auer ass zu Beetebuerg an der Route de Dudelange e Motocyclist gefall. Och hei war de Samu am Asaz.
Zwee Accidenter um Dënschdeg den Owend an ee Bëschbrand am Nomëtteg
Wéi de CGDIS mellt, koum et tëscht der Kräizerbuch a Schweech zu engem Accident, respektiv zu Monnerech. An der Géigend vu Weiler hat et gebrannt.
Kuerz viru 16 Auer stoung e Stéck Bësch a Flamen, dat tëscht Weiler an Ëlwen. D’Pompjeeë vu Clierf, Ëlwen, Wëntger, Kiischpelt, déi vum Stauséi, Wäiswampech a vu Wolz waren op der Plaz.
Kengem ass eppes geschitt. Méi Detailer sinn net gewosst.
Kuerz no 21 Auer krut en Auto um CR106 tëscht der Kräizerbuch a Schweech e Bam ze paken. Hei ass eng Persoun blesséiert ginn.
Ee weidere Blesséierte gouf et géint 22.25 Auer zu Monnerech op der Haaptstrooss. Do sinn zwee Gefierer net laanschtenee komm.