Führerschäiner agezunnVéier Fäll vun Alkohol respektiv Drogen um Steier

RTL Lëtzebuerg
E Freideg am Nomëtteg war enger Patrull vun der Police zu Stengefort op der Héicht vun der Tankstell e Gefier opgefall.

Bei der Kontroll huet et aus dem Banneraum no Cannabis geroch an de Fuerer an d’Bäifuererin hunn uginn, viru Kuerzem Cannabis konsuméiert ze hunn. Et gouf e Protokoll erstallt.

Géint 23.50 Auer e Freideg war dann e Chauffer opgefall, dee mat sengem Gefier an der Avenue Monterey an der Stad op der Busspuer ënnerwee war. Den Alkoholtest war positiv an de Führerschäi gouf agezunn.

Um 00.20 Auer e Samschdeg de Moie war eng Policepatrull op eng Fuererin opmierksam ginn, déi d’Montée du Grund am Zickzack eropgefuer ass. Och hei war den Alkoholtest positiv an d’Beamten hunn de Führerschäin agezunn.

Ongeféier zur nämmlechter Zäit war enger anerer Patrull e Gefier, dat am Zickzack iwwert de Boulevard Royal gesteiert gouf, opgefall. Och hei hat sech bei enger Kontroll erausgestallt, dass de Chauffer ze vill gedronk hat. Hien huet de Führerschäi missten ofginn.

Back to Top
CIM LOGO