Vill lass am LokalenVéier Mol hat et gerabbelt an zwee Mol gebrannt

RTL Lëtzebuerg
Wéi de CGDIS matdeelt, war e Mëttwoch am Nomëtteg, respektiv an der Nuecht op en Donneschdeg, e bëssen eng méi lass.
© Laurent Weber / RTL (Archivbild)

Ugefaangen um 16.40 Auer op der Areler A6 a Richtung Belsch op der Héicht vun der Sortie Wandhaff, do hate sech en Auto an e Camion ze pake kritt. Eng Persoun gouf blesséiert.

Géint 17.20 Auer war et um CR360 tëscht Mäerzeg a Méchelbuch eng Kollisioun tëscht engem Auto an engem Bus. Hei goufen am Ganze fënnef Persoune verwonnt. Méi Detailer sinn net gewosst.

Kuerz drop gouf et, géint 17.50 Auer, eng weider Kollisioun, déi Kéier tëscht zwee Autoen. Hei gouf et ee Blesséierten ze bekloen a géint 1.30 Auer koum et zu engem weideren Accident op der Areler A6. Do krute sech op der Héicht vun der Aire de Capellen 2 Autoen an eng Camionnette ze paken. Hei goufen et dunn nach emol 2 Verwonnter.

Gebrannt hat et och. Zu Esch an der Rue Portland huet eng Poubelle op enger Terrass Feier gefaangen, d’selwecht an der Bouneweger Strooss an der Stad, do war et eng Poubelle nieft enger Garage.

Back to Top
CIM LOGO