
Géint 19.40 Auer um Sonndegowend war der Police en Automobilist zu Stroossen gemellt ginn, deen an zwee Autoe geknuppt ass, déi laanscht Strooss geparkt waren. Op der Plaz huet de Chauffer direkt zouginn, datt en Alkohol gedronk hätt. Deementspriechend ass och den Test positiv ausgefall. De Mann huet de Permis missten ofginn a gouf protokolléiert. De Materialschued ass héich.
Kuerz no 19 Auer war och op der N10 tëscht Stadbriedemes a Gréiwemaacher en Auto gemellt ginn. Dat well dëse mat engem Platten ënnerwee war. De Won konnt zu Wuermer gestoppt ginn. D’Kontroll huet erginn, datt de Chauffer kee valabele Fürerschäin an ze vill gedronk hat. Hie gouf protokolléiert an op Uerder vum Parquet gouf den Auto immobiliséiert.
Um fréie Méindegmoie géint 2.40 Auer gouf en Automobilist an der Stad vun enger Patrull gestoppt, well e wéinst senger Fuerweis opgefall war. Nieft engem positiven Alkoholtest, war de Chauffer net am Besëtz vun engem gültege Contrôle technique an d’Steiervignette war ofgelaf. De Mann gouf protokolléiert an huet missten de Permis ofginn.
Kuerz drop war d’Patrull op en Auto opmierksam ginn, dee matten op der Strooss an der Val de Hamm ofgestallt war. Wéinst dem Verdacht, datt de Chauffer ze vill gedronk hat, gouf en Alkoholtest gemaach, dee positiv ausgefall ass. E Fuerverbuet gouf ausgestallt.