Zu GaasperechVëlo an E-Trottinett aus Appartementshaus geklaut

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police schreift, goufen hinnen e Mëttwoch eng Partie Abréch gemellt. Dat ënnert anerem um Belair an zu Gaasperech.
© RTL

E Mëttwoch den Owend gouf um Belair an der Rue d’Orange an en Eefamilljenhaus agebrach. Éischten Erkenntnisser no ass en onbekannten Täter iwwert eng Terrassendier an d’Haus komm, wou en all d’Raim duerchsicht huet, éier e geflücht ass.

Zu Gaasperech an der Rue Evy Friedrich hat sech en Abriecher duerch d’Opbrieche vun zwou Kellerdieren Accès an d’Appartementshaus verschaaft. Den Onéierlechen huet e Vëlo an eng E-Trottinett geklaut.

A béide Fäll gouf eng Enquête lancéiert.

D’Police rappelléiert an deem Kontext op hirem Site Preventiounsmesuren, fir sech géint Abréch ze schützen.

Back to Top
CIM LOGO