Aus dem Police-BulletinVëlosfuererin zu Gaasperech gefall, Accident tëscht Auto a Moto zu Munneref

RTL Lëtzebuerg
Zu Gaasperech ass um Méindeg de Moien eng Vëlosfuererin bei engem Accident blesséiert ginn.

Kuerz virun 8 Auer wier d’Fra no engem Bremsmanöver gefall an huet duerno missen am Spidol behandelt ginn. Dat mellt d’Police um Méindeg de Mëtten, d’Enquête wéi et zum Accident komme konnt, leeft elo.

E Sonndeg am Nomëtteg kuerz no 15 Auer koum et zu Munneref zu engem Accident tëschent engem Auto an engem Moto, bei deem och eng Persoun blesséiert gouf. Den Autoschauffer hätt de Motocyclist net gesinn. Dee gouf op der Plaz noutversuergt a koum dunn an d’Spidol.

E Sonndeg huet d’Police iwwerdeems enger Rei Chaufferen de Permis ofgeholl, déi alkoholiséiert gefuer sinn, dat op der Diddelenger Autobunn, Gréiwemaacher, Esch an Déifferdeng.

Back to Top
CIM LOGO