
D'Direktioun vum amerikaneschen IT-Acteur hätt net de Wëlle gewisen, fir eng Léisung ze fannen. D'Propositiounen, déi vun der Direktioun gemaach goufen, wieren net acceptabel.
Eng éischt Reunioun op der Conciliatioun ass fir e Freideg geplangt.
D'Gewerkschaft weist drop ginn, datt IBM keng finanziell Suergen hätt.
Zu Lëtzebuerg sinn 38 Aarbechtsplazen a Gefor.
