
En Auto hat Feier gefaangen, nodeems de Won aus nach ongekläerter Ursaach vun der Strooss ofkoum, een aneren Auto touchéiert huet a schlussendlech an eng Hausfassad gerannt ass.
D’Automobilistin gouf mat liewensgeféierleche Blessuren d’urgence an d’Klinick gefouert. D’Doktere konnten allerdéngs näischt méi fir si maachen - si ass am Spidol verscheet.
En Zeie vum Accident hat d’Fra aus dem Auto gezunn a gouf dobäi selwer blesséiert. Et gouf e Verdacht op eng Dampvergëftung, heescht et am Policebulletin, wouropshin och hien an d’Spidol bruecht gouf. D’Automobilistin aus dem Won, dee gesträift gouf, ass ouni Blessure bliwwen.
Zeie si gebieden, sech um Policebüro zu Dikrech ze mellen (Tel: (+352) 244 80 1000 / E-Mail police.diekirchvianden@police.etat.lu).