
E Mëttwoch den Owend koum et no enger Course-poursuite zu engem Accident mat engem Policeauto.
Géint 21 Auer ass an der Rue de Differdange zu Zolwer eng verdächteg Camionnette gemellt ginn. No enger Zäit konnten d’Beamte gesinn, wéi dräi Männer, déi schwaarz ugedoen a vermummt waren, an d’Camionnette geklomme sinn a mat héijer Vitesse a Richtung Metzerlach gefuer sinn. Op der Kräizung tëscht der Rue de Differdange an der Rue de Belvaux ass dunn ee Policeauto vun der Camionnette gerammt ginn.
De Chauffer huet awer net laang gezéckt an ass weider duerch Bieles gerannt, ier en an der Rue de l’Électricité d’Kontroll iwwert de Won verluer huet an géint eng Mauer geknuppt ass.
Zwee vun de Passagéier sinn direkt immobiliséiert ginn. De Bäifuerer, dee beim Accident tëscht der Mauer an der Camionnette ageklemmt gouf, konnt vun der Police befreit ginn. Hie gouf no enger kuerzer Behandlung op der Plaz an d’Spidol bruecht.
Beim Chauffer ass den Drogeschnelltest iwwerdeems positiv ausgefall. D’Camionnette an eng Gaspistoul goufe saiséiert. Et gouf Plainte gemaach wéinst Rebellioun géingt Beamten, illegalem Waffebesëtz a Verstéiss géint de Code de la Route.
