
Wann Dir d’RTL-App op Ärem iPhone oder Android-Smartphone benotzt, wësst Dir sécherlech, wat Push-Noriichte sinn. Dës erlaben eis et, Iech kuerz Message mat wichtegen Updaten ze schécken an Iech iwwer déi wichtegst aktuell Entwécklungen an aner Neiegkeeten ze informéieren. Dobäi berécksiichtege mir och Är perséinlech Interessen.

De Webpush-Tool funktionéiert op eng änlech Manéier. Nëmmen, dass Dir de Message hei an Ärem Internet-Browser geschéckt kritt. Wann Dir dës nei Funktioun op RTL.lu acceptéiert, wäert op Ärem Ecran eng kuerz Noriicht ageblent ginn, wa mir en Artikel, deen Iech interesséiere kéint, publizéieren. An enger éischter Phas wäert dës nei Funktioun am Browser op ärem Computer an op Smartphonen, déi mam Betribssystem Android funktionéieren, disponibel sinn. Deemnächst wäerten och iPhone-Notzer vun dëser neier Funktioun profitéiere kënnen.
Wann Dir am Laf vun den nächste Wochen op RTL.lu gitt, wäert eng Fënster opgoen, an där Dir tëscht enger Rei vu Kategorien auswiele kënnt. Där kritt nëmmen dann e Webpush, wann en Artikel an enger Kategorie, déi Dir ausgewielt hutt, publizéiert gouf. Wann dir keng Webpushe kréie wëllt, kënnt dir einfach alleguerten d’Kategorien deselektionéieren, éier Dir späichert.

Dat war et och schonn.
Wann Dir d’Kategorien, an deenen Dir Pushe kritt, ännere wëllt oder iwwerhaapt keng Pushe méi kréie wëllt, kënnt dir op der Startsäit vun RTL.lu ganz no ënne scrollen. Do fannt Dir e Link mat der Bezeechnung “Webpush”. Wann Dir op dëse klickt, geet d’Fënster mat de Kategorien nees op an Dir kënnt Är Astellungen no Äre Wënsch upassen.
Ganz egal, ob Dir zousätzlech Pushen a weidere Kategorië kréien oder Iech vun enger oder alle Kategorien ofmelle wëllt.
Dir kënnt eis Web-Pushen och komplett blockéieren. Dofir musst Dir nëmmen op dat klengt Schlass lénks nieft der URL klicken an d’Notifikatiounen ausschalten.
