
Eng Partie vun de Kinéë hunn nach keng Invitatioun kritt, fir sech impfen ze loossen, dat bestätegt de Patrick Obertin, President vun der Associatioun vun de Kinéen ob Nofro. Scho virun dräi bis véier Wochen hätte sech Membere bei him manifestéiert, fir ze froen, wéini si dann un der Rei wier.
D’Beruffsgrupp vun de Kinéen hätt scho sollen an der éischter Phas mat geimpft ginn, erkläert de President vun der ALK. D’Invitatioune sollte schonn erausgaange sinn, ma anscheinend awer wuel net u jiddereen. De Patrick Obertin erkläert: "Als President vun der ALK hunn ech nogefrot, an dem Centre de Vaccination bei de Responsabelen, ob do iergendwéi e Problem wier, oder ob do nach Invitatioune géifen erausgoen. Déi hunn du confirméiert, dat u sech a priori all d'Leit hätte scho missten invitéiert gi sinn. Do war en informatesche Problem géif ech soen. Doropshin ass awer direkt reagéiert ginn." Et wier eng E-Mail Adress ageriicht ginn, wou sech déi betraffe Kinéë kënne mëllen. Et wieren awer net nëmme Kinéë betraff gewiescht, mä och aner Professions de santé, wiere vergiess gi bei den Invitatiounen.
Eng Erklärung, wéi et zu dësem Mëssel komm ass, krut de President vun der ALK awer net. Méiglecherweis wieren d’Registres professionnels net a jour gewiescht. Bannent 2 Woche sollen déi Kinéen eng Invitatioun kréien, déi sech bei der Santé op enger dofir ageriichte Mailadress mellen.
Iwwerdeems sollen d’Kinéen och geschwënn schonn an den Impfzentren aushëllefen, falls dat gewënscht ass. D'Associatioun war kontaktéiert ginn, fir eng Conventioun auszeschaffe mam Ministère. Sou kéinten d'Kinéen eng Attributioun kréien, déi zäitweileg hinnen erlaabt, selwer Vaccinatiounen ze maachen. Natierlech a Presenz vum Dokter, also ob Ordonnance medicale. Bis elo hätte sech scho wäit iwwer 300 Kinéë gemellt, déi bereet sinn an den Impfzentre matzehëllefen. Déi éischt 20 goufe schonn heifir ausgebilt. Aushëllefe solle si, am Fall wou eng méi héich Quantitéit vu Vaccinen op Lëtzebuerg kënnt. Sou soll et da méi séier mam Impfe goen.
Déi betraffe Leit aus dem Gesondheetssecteur, déi nach keng Invitatioun kritt hunn, solle sech un de Gesondheetsministère riichten, iwwert d'E-Mail helpdesk-vaccination@ms.etat.lu
Am Schreiwes soll matgedeelt ginn, datt een nach keng Invitatioun krut. An der Ufro sollen awer och folgend Daten präziséiert ginn: Numm, Virnumm, Matrikelnummer, de Beruff an d'Aarbechtsplaz, eng E-Mailadress, souwéi eng Telefonsnummer. Bannt zwou Woche géif een dann a priori kontaktéiert ginn.
