
Wéi et vun der Police heescht, wier e Mann vun zwee anere Männer ugeschwat an duerno um Aarm gegraff ginn. D’Täter hätte versicht, dem Affer den Handy ze klauen. Wéi dëst sech doropshi gewiert huet, si béid Täter no enger kuerzer Ausernanersetzung geflücht. D’Police huet eng Enquête an d’Weeër geleet.
Iwwerdeems mellt d’Police eng Partie Abréch:
En Donneschdeg den Owend gouf an 2 Haiser zu Uespelt agebrach. A béide Fäll goufen d’Abriecher vun de Bewunner iwwerrascht a sinn doropshi geflücht.
An der Nuecht op e Freideg gouf dann d’Dier vun engem Café um Houwald opgebrach.
An alle Fäll gouf eng Enquête an d’Weeër geleet.