Zeienopruff vun der PoliceVersichten Déifstall zu Wolz an Iwwerfall mat Pefferspray zu Déifferdeng

RTL Lëtzebuerg
D'Police sicht no Zeien, nodeems zu Wolz zwee Onbekannter wollte Kofferkabelen op engem Schantjen zu Wolz klauen.
© Laurent Weber / RTL (Archivbild)

Zum Virfall koum et, wéi aus dem Policebulletin ervirgeet, an der Nuecht op e Mëttwoch géint 1 Auer. Dat an der Avenue Nicolas Kreins zu Wolz. Eng Policepatrull konnt een Täter nach op der Plaz stellen, deen anere konnt fortlafen.

D’Police sicht lo no Zeien, déi eventuell eppes gesinn hunn. All Informatioun ass de Beamte vu Wolz op der Nummer (+352) 244 89 1000 oder per E-Mail op police.ardennes@police.etat.lu ze mellen.

Iwwerfall mat Pefferspray

En Dënschdeg den Owend koum et zu engem Iwwerfall an der Rue Emile Mark zu Déifferdeng. Éischten Informatiounen no gouf d’Affer vun dräi Männer mat Pefferspray ugegraff a krut d’Posch geklaut.

Eng direkt ageleete Sichaktioun war negativ, d’Posch konnt allerdéngs erëmfonnt ginn a gouf dem Affer zeréckginn. Eng Plainte gouf deposéiert.

Back to Top
CIM LOGO