Expert fir "Städtebau" fuerdertVersigelung stoppen - Autoen ausbremsen

Marc Hoscheid
Wann et dem Florian Hertwick vun der Uni Lëtzebuerg nogeet, gi PAGen an Zukunft net erweidert an d'Vitesslimitt an de Stied vu 50 op 30 erofgesat.
Expert fir "Städtebau" fuerdert: Versigelung stoppen - Autoen ausbremsen.
Wann et dem Florian Hertwick vun der Uni Lëtzebuerg nogeet, gi PAGen an Zukunft net erweidert an d’Vitesslimitt an de Stied vu 50 op 30 erofgesat.

A wat fir enge Stied respektiv a wat fir engem Land liewe mer an Zukunft? Mat dëser Fro beschäftege sech Fuerscher op der Uni Lëtzebuerg. Wat déi aktuell Situatioun betrëfft, ass de Constat kloer: De Grand-Duché ass eent vun den am meeschten zersidelte Länner an der EU. Dowéinst misst souwuel beim Wunnengsbau wéi bei der Mobilitéit ee generellt Ëmdenken hier.

Mobilitéit ass haut an deene meeschte Fäll keen Ausdrock vu Fräiheet, mee et ass een Zwang”, dat ass de Constat vum Prof. Dr. Florian Hertwick, Architekt a “Städtebauer” , deen op der Uni Lëtzebuerg ënnerriicht. Et misst een déi fundamental Funktioune vum Liewen, also Wunnen, Schaffen a Fräizäit rëm méi no beienee bréngen a Stied vun de kuerze Weeër schafen. Et géing drëms goen, Plazen, déi aktuell dem Auto virbehale sinn, rëm fir d’Mënschen zeréckzegewannen. D’Fro, ob et net méi einfach wier, ganz nei Stied ze konzipéieren, amplaz bestoender ëmzebauen, géing sech iwwerdeems net méi stellen.

“Wir sind allein schon durch den European Green Deal von der Europäischen Union dazu angehalten, bis 2050 die Flächenversiegelung auf Null zu reduzieren. Die Kurve sollte eigentlich schneller runtergehen. Wir versiegeln heute zirka einen halben Hektar pro Tag in Luxemburg, in Deutschland sind es 66 Hektar pro Tag, was sehr ähnlich ist, hochgerechnet. Wir dürfen eigentlich keinen einzigen Quadratmeter gewachsener Boden mehr versiegeln.”

Gewuessene Buedem kéint, anescht wéi versigelten, Reen an CO2 absorbéieren. Versigelte Buedem géing zudeem Biodiversitéit zerstéieren an d’Bildung vu sougenannten Hëtztinsele favoriséieren. Wat déi héich Mobilitéit ugeet, wier dës och dorop zeréckzeféieren, datt vill Leit sech keng Wunneng am urbane Raum, wou déi meeschten Aarbechtsplaze sinn, leeschte kënnen. Hei missten e puer Piste verfollegt ginn. “Auf der einen Seite bezahlbaren Wohraum dort schaffen, wo hauptsächlich gearbeitet wird. Hier müssen wir massive Anstrenungen unternehmen. Auf der anderen Seite die Arbeitsplätze dahin bringen, wo die Menschen wohnen. Da gibt es mit der Tele-Arbeit viele Möglichkeiten. Es ist aber schwierig weil es steuerrechtliche Probleme gibt, vor allem für die Grenzpendler.”

Wat de Verkéier an de Stied ugeet, sollt den ëffentlechen Transport den Auto gréisstendeels verdrängen. Fir déi Autoen, déi awer an de Stied ënnerwee sinn, fuerdert den Expert iwwerdeems een Tempolimitt vun 30 Kilometer an der Stonn.

Back to Top
CIM LOGO