
Dat wier e Méindeg an der Route Luxembourg zu Schieren, an der Rue du Palais zu Dikrech, am Chemin J-A Zinnen an der Fiels an an der Rue Lauterbour zu Jonglënster de Fall gewiescht.
En Dënschdeg gouf zu Biissen an der Route de Colmar, zu Colmer-Bierg an der Rue de Luxembourg an zu Miersch am Centre Marisca agebrach.
E Mëttwoch war et an der Rue de Lultzhausen zu Esch-Sauer an an der Avenue des Alliés zu Ettelbréck agebrach ginn.
Wien am Zesummenhang mat dësen Abréch verdächteg Persounen oder Gefierer gesinn huet, ass gebieden sech beim Policekommissariat vun Dikrech ze mellen. Dat ënnert der Telefonsnummer 244 80 1000 oder iwwer Mail.